Verstuerwen (#14290)

*Dëst Gebiet sollt am Ufank vun der Andeelung fir déi Verstuerwe stoen. D‘Gebiet fir déi Verstuerwen ass dat eenzegt obligatorescht Bahá’í Gebiet, wat an der Kongregatioun ze rezitéieren ass; et gëtt vun engem Gleewege rezitéiert, iwwerdeems all déi, déi do sinn, an der Stëll do stinn. BAHÁ’U’LLÁH  huet erkläert, dass dëst Gebiet nëmmen néideg ass, wann de Verstuerwenen iwwer fofzéng Joer al ass, dass et muss gesot ginn, ier d‘Doudelued an d‘Graf erofgelooss gëtt, an dass et net néideg ass, sech der Qiblih zouzedréien, wann et gesot gëtt. «Alláh-u-Abhá» gëtt eemol gesot; da gëtt den éischte vun de sechs Versen nonzéngmol gesot. Da gëtt «Alláh-u-Abhá» nees gesot, suivéiert vum zweete Vers, deen dann nongzéngmol gesot gëtt, a sou weider.


O mäi Gott! Dat hei ass Däin Dénger an de Jong vun Dengem Dénger, deen un Dech an un Deng Zeeche gegleeft huet, an deen Dir säi Bléck zougedréint huet, ganz lassgeléist vun allem ausser Dir. Du bass wierklech, vun deenen déi Baarmhäerzegkeet weisen, de Baarmhäerzegsten. Géi sou mat him ëm, o Du, deen s Du de Mënschen hir Sënne verzeis an hir Feeler verdecks, wéi et dem Himmel vun Denger Generositéit an dem Mier vun Denger Gnod entsprécht. Huel hien op an d’Räich vun Dengem himmleschen Erbaarmen, wat virun der Schëpfung vun Himmel an Äerd war. Et gëtt kee Gott ausser Dir, dem Ëmmerverzeienden, dem Generéisten.

Looss hien da sechs mol d’Begréissung «Alláh-u-Abhá» widderhuelen an dann nonzéngmol jiddweree vun de folgendeVerse soen:

A Wierklechkeet biede mir all Gott un.
A Wierklechkeet verneige mir eis all viru Gott. 
A Wierklechkeet gi mir eis all Gott hin.
A Wierklechkeet luewe mir all Gott.
A Wierklechkeet soe mir all Gott Merci.
A Wierklechkeet si mir all gedëlleg a Gott.

Wann den Doudegen eng Fra ass, seet een: «Hei ass Deng Mod an d’Duechter vun Denger Mod »

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Verstuerwen (#14291)

Erlab, o mäin Här, dass déi, déi zu Dir eropkomm sinn, an Dir, dem beschte Komerod, en Ënnerdaach fannen, an dass si am Schiet vum Tabernakel vun Denger Majestéit an am Hellegtum vun Denger Herrlechkeet wunnen. Verspreet Du iwwer si, o mäin Här, vum Mier vun Denger Verzeiung, wat si wierdeg mécht, an Dengem allerhéchste Kinnekräich an am himmleschen Domän ze wunnen, soulaang wéi Deng Herrschaft dauert. Mächteg bass Du ze maachen, wat Dir gefält.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Verstuerwen (#14292)

So: O Gott, mäi Gott! Du hues mengen Hänn e Schaz vun Dir uvertraut, an no Dengem Wëllen, wéi et Dir gefält, hues Du en elo zu Dir zeréckgeruff. Et steet mir, Denger Mod, net zou, ze froen, firwat mech dat getraff huet oder firwat et geschitt ass, well Du gëss verherrlecht an all Denge Wierker, an Dengem Befeel muss gefollegt ginn. Deng Mod, o mäin Här, huet hir Hoffnungen op Deng Gnod a Guttheet gesat. Looss si dat erreechen, wat si no bei Dech bréngt, a wat hir an all Denge Welten zegutt kënnt. Du bass Deen, dee verzeit, de Ganzgeneréisen. Et gëtt kee Gott ausser Dir, Deen, dee bestëmmt, den Uréiwegen.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Verstuerwen (#14293)

O Du, dee gëtt, o Du, dee verzeit!
Eng nobel Séil ass an d’Kinnekräich vun der Wierklechkeet opgestigen an huet sech vun der stierflecher Welt vum Stëbs an d’Räich vun der éiweger Herrlechkeet geflass. Erhief de Rang vun dësem Gaascht, dee viru kuerzem ukomm ass an do dësem laangjäregen Dénger en neit, wonnerschéint Kleed un.
O Du onvergläichlechen Här! Gewär Deng Verzeiung an zäertlech Suerg, sou datt dës Séil an d‘Räich vun Denge Geheimnisser eragelooss an e vertraute Begleeder an der Versammlung vun der Herrlechkeet ka ginn. Du bass Deen, dee gëtt a schenkt, an deen éiweg gär huet. Du bass de Verzeienden, den Duussen, de Mächtegsten.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Verstuerwen (#14294)

Hien ass Gott.
O Du verzeienden Här! Dës Dénger waren nobel Séilen, an dës stralend Häerzer goufen duerch d’Liicht vun Denger Féierung hell a stralend gemaach. Si hunn e Kielech, bis zum Rand gefëllt, mam Wäin vun Denger Léift gedronk, a schenken den éiwege Geheimnisser, déi vun de Melodië vun Dengem Wëssen erkléngen, Gehéier. Si hunn hir Häerzer un Dech gebonnen, sech vun der Schléng vum Ausernanerliewe lassgerappt a sech un Deng Eenheet geklamert. Maach dës wäertvoll Séile Begleeder vun den Awunner vum Himmel an huel se op an de Krees vun Dengen Auserwielten. Maach si zu Vertraute vun Denge Geheimnisser am Räich do uewen an dauch se an d‘Mier vu Liicht. Du bass Deen, dee gëtt, de Liichtenden, an de Gnädegen.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Verstuerwen (#14295)

O gëttlech Vorseeung, Du bass den Ëmmerverzeienden!
O Du allmächtege Gott, Du bass de Gnädegen! Looss dësen Dénger, deen s Du immens gär hues, am Schiet vun Denger Herrlechkeet rouen a gewär, dass dësen Onglécklechen an Aarmen an de Grenze vun Denger Baarmhäerzegkeet gedeit an opblitt. Gëff him ze drénken aus dem Kielech vum Nobäisi bei Dir a looss hien am Schiet vum geseente Bam wunnen. Bewëlleg him d’Éier, Deng Presenz ze erreechen a schenk him éiweg Séilegkeet. Hëllef gnädeg der iwwerliewender Famill vun dëser eedeler Séil, dass si an d’Foussspuere vun hirem léiwe Papp trëtt, säi Charakter a säi Verhalen ënner alle Mënschen erëmspigelt, Dengem Pad nogeet, Däi Gefale sicht an Däi Luef ausschwätzt. Du bass de Gott, deen éiweg gär huet, den Här vun der Mëtschgiewegkeet.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

