Schutz (#14284)

… Bewaffnet mat der Muecht vun Dengem Numm, kann näischt mir jeemools wéidoen, a mat Denger Léift a mengem Häerz kann de Misär vun der ganzer Welt mech op keng Manéier beonrouegen. ...

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Schutz (#14285)

Éier sief Dir, o Gott! Du bass dee Gott, dee virun allem existéiert huet, deen no allem existéiere wäert an iwwer alles ewech bestoe bleift. Du bass dee Gott, deen alles weess a sech iwwer alles erhieft. Du bass dee Gott, dee mat allem gnädeg ëmgeet, deen tëschent allem entscheet, an deem Seng Visioun alles ëmfaasst. Du bass Gott mäin Här, Du kenns meng Lag an Du gesäis mäin ënnerlecht a mäin äusserlecht Wiesen.
Schenk mir an de Gleewegen, déi Dengem Ruff nogaange sinn, Verzeiung. Sief Du meng eenzeg Hëllef géint de Muttwëll vu jiddwerengem dee mir wëll Leed undoen oder mir Schlechtes wënscht. Du bass wierklech den Här vun allem, wat s Du erschafen hues. Du gees jiddwerengem duer, mee ouni Dech ka kee sech selwer duergoen.

-The Báb
-----------------------

Schutz (#14286)

O mäin Här! Du weess dass d’Mënschen ëmzéngelt si vu Leed a Misär, an ëmgi si vun Nout an Ierger. Prüfunge ploen de Mënsch, a schrecklech Onglécker iwwerfalen hie wéi den Ugrëff vun enger Schlaang. Et gëtt keen Ënnerdaach, keen Asyl fir hien ausser ënnerem Flillek vun Dengem Schutz, Dengem Schierm, Denger Opsiicht an Dénger Wuecht.
O Du Baarmhäerzegen! O mäin Här! Maach Däi Schutz meng Rüstung, Däi Schierm mäi Schëld, Bescheidenheet virun der Dier vun Denger Eenzegkeet mäi Wiechter, Deng Wuecht a Verdeedegung meng Festung a meng Wunneng. Schierm mech of virum Afloss vum Ego an dem Verlaangen, a beschütz mech vun all Krankheet, Plo, Schwieregkeet a Misär.
A Wierklechkeet bass Du de Beschützer, den Hidder, den Erhaler, Deen, dee sech selwer duergeet. A Wierklechkeet bass Du de Baarmhäerzegste vun de Baarmhäerzegen.
‘ABDU’L-BAHÁ

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Schutz (#14287)

O Du gudden Här!
Dës Séile sinn Deng Frënn, déi zesummekomm a vun Denger Léift fortgedroe sinn. Si gi vun de Strale vun Denger Schéinheet ugezunn a vun Dengen no Moschus doftende Krausele verzaubert. Si hunn Dir hir Häerzer iwwerginn a wanderen, damiddeg a verluer, op Dengem Wee. Si hunn esouwuel Frënd wéi Frieme verlooss a sech un Deng Eenheet geklamert, verneigt an Ubiedung virun Dir. Si hunn zu dëser niddreger Welt gehéiert; Du hues se an Dengem Räich empfaangen. Si ware wéi verwielte Planzen an der Wildnis vum Entzuch a Verloscht; Du hues se zu Plänzercher am Gaart vum Wëssen a Verständnis gemaach. Hir Stëmme ware verstommt; Du hues se erëm un d‘Schwätze bruecht. Si ware verzweiwelt; Du hues Liicht iwwer se bruecht. Si ware wéi ausgedréchenten an onfruchtbare Buedem; Du hues se an e Rousegaart vun ënnerleche Bedeitunge verwandelt. Si ware wéi Kanner an der Welt vun der Mënschheet; Du hues hinnen erméiglecht, himmlesch Maturitéit ze erreechen.
O Du Gudden! Gëff hinnen en Hafen an eng sécher Plaz am Schutz vun Dengem Ënnerdaach a schütz si virun Tester a Prüfungen. Léin hinnen Deng onsiichtbar Hëllef a schenk hinnen Deng onfeelbar Gnod.
O Du gudden Här, dee mir gär hunn! Si si wéi de Kierper, an Du bass de Geescht vum Liewen. Fir seng Frëscht a Schéinheet ass de Kierper ofhängeg vun der Gnod vum Geescht. Si brauchen dofir Deng Bestätegungen a verlaangeren no der erhalender Kraaft vum Hellege Geescht an dëser neier Offenbarung. Du bass de Mächtegen. Du bass Deen, dee gëtt, dee versuergt, dee schenkt, an Deen, dee verzeit. Du bass Deen, deen hell aus dem onsiichtbare Räich eraus schéngt.
‘ABDU’L-BAHÁ

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Schutz (#14288)

Hien ass Gott.
O Gott, mäi Gott! Mat äusserster Bescheidenheet an Äifer, Damiddegkeet an Ubiedung, bieden ech Dech mat menger Zong a mengem Häerz, mat mengem Geescht a menger Séil, mat mengem Verstand a mengem Gewëssen, dee meeschtgeschätzte vun alle Wënsch ze erfëllen, déi verdéngschtvollst vun allen Doten ze bestëmmen, an all Éier a Vollkommenheet, Gonscht a Schéinheet, Wuelstand a Séilegkeet fir dës Famill ze veruerdnen, déi sech, beim Ubrieche vun Dengem stralende Moien, an Däi schützende Schiet geflass huet an en Ënnerdaach an Dengem sécheren Hafen an Denger mächteger Festung gesicht huet. Wierklech, dës Séilen hunn Dengem Ruff nogelauschtert, sinn no bei Deng Schwell komm, goufe vum Feier vun Denger Léift entflaamt a vun den Otemzich vun Denger Hellegkeet fortgedroen. Si ware bestänneg am Déngscht vun Denger Saach, damiddeg virun Dir an eedel ënner Dengem schützende Schiet. Si sinn ënner Dengem Vollek bekannt als déi, déi Däin Numm droen an ernimmen Dech ënner Dengen Dénger.
O Gott, mäi Gott! Erhief si duerch Deng uréiweg Herrlechkeet, éier si an Dengem prächtege Räich a stéi hinne bäi mat den Arméie vun Denger Gonscht an dësem groussen Dag. O Här, mäi Gott! Hief hire Fändel héich, gewär hinnen e méi vollen Undeel un Dengem Schutz, verbreet hir Zeechen an all Richtungen a vergréisser hire Glanz, esou dass si zu engem Glas fir d’Luucht vun Denge villfältege Gefalen, a Verbreeder vun Denger Léift a Guttheet an Denger Gnod ginn.
O Här, mäi Gott! Sief Du hire Begleeder an hirer Einsamkeet an ëmstell si mat Denger Hëllef an hire Momenter vun Angscht. Vermaach hinnen Däi Buch a gewär hinnen déi voll Mooss vun Denge Geschenker an Denger Gonscht. Du bass a Wierklechkeet de Mächtegen, de Staarken, de Gnädegen, Deen, dee gär gëtt an Du bass wierklech de Baarmhäerzegen, de Matleedvollen.
‘ABDU’L-BAHÁ

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

