Owes (#14282)

Wéi kann ech Schlof sichen, o Gott, mäi Gott, wann d’Ae vun deenen, déi no Dir verlaangeren, waakreg sinn, wéinst hirer Trennung vun Dir, a wéi kann ech mech leeë fir ze raschten, wann d’Séile vun deenen, déi Dech gär hunn, uerg leiden, well si wäit ewech si vun Denger Präsenz? Ech hunn, o mäin Här, mäi Geescht a mäi ganzt Wiesen an d’riets Hand vun Denger Muecht an Dengem Schutz ginn, an ech leeë mäi Kapp op mäi Këssen duerch Deng Muecht, an hiewen en nees op, no Dengem Wëllen an Dengem Gefalen. Du bass a Wierklechkeet Deen, deen erhält a versuergt, den Allmächtegen, de Mächtegsten.
Bei Denger Muecht! Ob ech schlofen oder waakreg sinn, froen ech nëmmen dat, wat s Du wënschs. Ech sinn Däin Dénger an an Dengen Hänn. Hëllef Du mir gnädeg ze maachen, wat den Doft vun Dengem Gefale verbreet. Dat ass wierklech meng Hoffnung an d’Hoffnung vun deenen, déi sech freeën, no bei Dir ze sinn. Gelueft bass Du, o Här vun de Welten.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Owes (#14283)

O mäi Gott, mäi Meeschter, d’Zil vu mengem Verlaangeren. Däin Dénger wëll schlofen am Ënnerdaach vun Dengem Erbaarmen a rouen am Zelt vun Denger Gnod. E biet Dech un, fir dass Du fir hie suergs, an dass näischt un hie kënnt.
Ech bieden Dech o mäin Här, bei Dengem A, dat net schléift, behitt meng Aen, dass si soss näischt kucke wéi Dech. Maach dann hire Bléck schaarf, fir dass si Deng Zeechen erkennen an den Horizont vun Denger Offenbarung kucken. Du bass Deen, virun deem Sengen Offenbarunge vun héchster Muecht all Muecht an hirem Wiesenskär ziddert.
Et gëtt kee Gott ausser Dir, dem Allmächtegen, dem Allesënnerwerfenden, dem Vollkommenen.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

