Mëtternuecht (#14276)

*O du, deen no der Wourecht sicht! Wann s du gär häss, dass Gott deng Aen opmécht, da muss du ëm Mëtternuecht Gott damiddeg froen, zu Him bieden a mat Him schwätzen andeems de sees:


O Här, ech hu mäi Bléck op Däi Räich vun der Eenheet geriicht a sinn am Mier vun Denger Gnod ënnergedaucht. O Här, klär meng Siicht an deem ech Deng Liichter an dëser däischterer Nuecht betruechten, a maach mech frou mam Wäi vun Denger Léift an dëser wonnerbarer Zäit. O Här, looss mech Däi Ruff héieren a maach d’Diere vun Dengem Himmel viru mir op, sou dass ech d’Liicht vun Denger Herrlechkeet ka gesinn an esou vun Denger Schéinheet ugezu ginn.
A Wierklechkeet bass Du Deen, dee gëtt, de Generéisen, de Baarmhäerzegen, Deen, dee verzeit.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

