Moies (#14277)

An Dengem Ënnerdaach sinn ech erwächt, o mäi Gott, an et gehéiert sech deem, deen dësen Ënnerdaach sicht, ënner Dengem hellege Schutz an an Denger staarker Festung ze bleiwen. Erliicht mäi bannenzegt Wiesen, o mäi Gott, mam Glanz vun der Moiessonn vun Denger Offenbarung, sou wéi s Du mäi baussenzegt Wiese mat der Mueresluucht vun Denger Gonscht méi hell gemaach hues.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Moies (#14278)

O mäi Gott a mäi Meeschter! Ech sinn Däin Dénger an de Jong vun Dengem Dénger. Fréi haut de Moie sinn ech aus mengem Bett opgestanen, wéi d’Sonn vun Denger Eenheet aus der Mueresdämmerung vun Dengem Wëllen erschéngen ass an hire Glanz iwwer d’Welt verbreet huet, sou wéi et an de Bicher vun Dengem Gebot bestëmmt ass.
Gelueft bass Du, o mäi Gott, dass mir zur Herrlechkeet vum Liicht vun Dengem Wëssen erwächt sinn. Schéck dann op eis erof, o mäin Här, wat eis fäeg mécht, jiddwereen ausser Dir ze entbieren, a wat eis vun all Unhänglechkeet ausser Dir befreit. Verschreif ausserdeem, fir mech, an all déi, déi ech gär hunn, a fir meng Famill, souwuel Männer wéi Fraen, dat Gutt vun dëser an der nächster Welt. Hal eis dann a Sécherheet, duerch Däin onfeelbare Schutz, o Du, dee jiddwereen an der ganzer Schëpfung gär huet, Du Verlaangere vum ganzen Universum, virun deenen, déi s Du zu Spriechere vum béise Flüsterer gemaach hues, déi an de Mënschen hire Brëscht pësperen. Mächteg bass Du, dat ze maachen, wat Dir gefält. Du bass wierklech den Allmächtegen, Deen, deen a Gefor hëlleft, Deen, deen duerch sech selwer ass.
Seen Du, o Här mäi Gott, Hien, deen s Du iwwer Deng ausgezeechentst Nimm gesat hues, an duerch deen s Du déi Gleeweg vun de Béise getrennt hues, an hëllef eis gnädeg dat ze maachen, wat s Du gär hues a wënschs. Seen Du och, o mäi Gott, déi, déi Deng Wierder a Buschtawe sinn, déi Dir hire Bléck zougedréit hunn, a sech Dir zougewannt an Däi Ruff héieren hunn.
Du bass, wierklech den Här an de Kinnek vun all Mënsch, an Du hues Muecht iwwer alles.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Moies (#14279)

Duerch Deng Gnod, o mäi Gott, sinn ech haut de Moien opgestan, a voll Vertrauen an Dech hunn ech mäin Haus verlooss, a mech Denger Suerg uvertraut. Schéck mir elo, aus dem Himmel vun Dengem Erbaarmen, Däi Seegen op mech erof a looss mech nees sécher heemkommen, sou wéi s Du mech ënner Dengem Schutz erausgoe gelooss hues, mat menge Gedanke fest op Dech geriicht.
Et gëtt kee Gott ausser Dir, deem Engen, dem Onvergläichlechen, dem Allwëssenden, dem Onendlechweisen.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Moies (#14280)

Ech luewen Dech, o mäi Gott, dass Du mech aus mengem Schlof erwächt hues an dass Du mech, nodeem ech fort war, zeréckkommen a mech aus mengem Schlummer opstoe gelooss hues. Ech sinn haut de Mueren erwächt, mat mengem Bléck der prächteger Sonn vun Denger Offenbarung zougedréit, duerch déi d’Himmele vun Denger Muecht a Majestéit erliicht gi sinn. Ech bekenne mech zu Dengen Zeechen, ech gleewen un Däi Buch an hale mech fest un Dengem Seel.
Ech bieden Dech bei der Muecht vun Dengem Wëllen an der bezwéngender Kraaft vun Denger Absicht: Maach, wat s Du mir am Schlof offenbaart hues, zum séchere Fundament fir d’Wunnenge vun Denger Léift, déi an den Häerzer vun deene sinn, déi Dech gär hunn, an zum beschten Instrument fir d’Offenbarung vun den Zeeche vun Denger Gnod, Léift a Guttheet. Bestëmm Du fir mech, duerch Deng héchste Fieder, o mäin Här, dat Gutt vun dëser an der nächster Welt. Ech bezeien, dass Du alles fest am Grëff hues. Du änners et, wéi et Dir gefält. Et gëtt kee Gott ausser Dir, de Staarken, den Treien.
Du bass et, deen duerch Säin Uerder, Erniddregung an Herrlechkeet, Aarmséilegkeet a Stäerkt, Schwächt a Muecht, Angscht a Rou, an Zweiwel a Gewëssheet ëmwandelt. Et gëtt kee Gott ausser Dir, de Mächtegen, Deen, dee Guddes mécht.
Du enttäuschs keen, deen Dech sicht an häls keen zeréck, dee sech no Dir seent. Bestëmm da fir mech, wat dem Himmel vun Denger Generositéit an dem Mier vun Denger Guttheet entsprécht. Du bass wierklech den Allmächtegen, de Gewaltegsten.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Moies (#14281)

O Här, sou räich u Guttheet a mat Gnod sou voll; Dat Wëssen, ech zudéifst an Häerz a Séil geholl!
Fréi mueres fënnt meng Séil den Trouscht jo just bei Dir; Meng Nout a Leed keen an‘re kennt, keen ausser Dir.
Huet unerkannt dat Häerz Däin Numm fir ee Moment; Kee Frënd et sicht wéi Schmäerz fir Dech eleng, dee brennt.
Verwielecht sief dat Häerz beim Keimen net fir Dech; A besser blann dat A beim Kräischen net fir Dech!
An all den däischt‘re Stonnen, o Du Här vu Muecht; Mäin Häerz huet just un Dech als stralend Liicht geduecht.
Hauch Du, duerch Deng grouss Gonscht, a mech Däi Geescht eran; Sou dass, dat, wat ni wor, fir ëmmer bleiwe kann.
Kuck net op de Verdéngscht, kuck net op eise Wäert; o gudden Här, kuck just op d’Gnod vun Dir gewäert.
De Vigel, lues am Fluch, hir Flilleke gebrach schenk Du aus zaarter Gnod zwee neier hinnen dach.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

