Kanner (#14254)

Gelueft bass Du, o Här mäi Gott!
Erméiglech, duerch Deng Gnod, dass dëst Kand un der Broscht vun Dengem zaarten Erbaarmen an Denger léiwer Virsuerg drénkt a mat der Fruucht vun Dengen himmlesche Beem ernäert gëtt. Looss net zou, dass et vun iergendengem anere versuergt gëtt, ausser vun Dir, well s Du et selwer duerch d’Kraaft vun Dengem erhuewene Wëllen an Denger Muecht erschaf an an d’Liewe geruff hues. Et gëtt keen anere Gott ausser Dir, dem Allmächtegen, dem Allwëssenden.
Gelueft bass Du, o Du, deen ech iwwer alles gär hunn! Looss iwwer dëst Kand de séissen Doft vun Denger himmlescher Guttheet an de Parfum vun Denger helleger Gonscht blosen. Looss et da Schutz sichen am Schiet vun Dengem héchsten Numm, o Du, deen s Du d’Räich vun den Nimm an Eegenschaften am Grëff häls. Du hues wierklech d’Muecht ze maachen, wat s Du wëlls, an Du bass tatsächlech de Mächtegen, den Héchsten, den Ëmmerverzeienden, de Gnädegen, de Generéisen, de Baarmhäerzegen.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Kanner (#14255)

Verherrlecht bass Du, o Här mäi Gott! Ech soen Dir Merci, dass Du mech an Dengen Deeg an d’Liewe geruff hues, a mech mat Denger Léift an Dengem Wëssen erfëllt hues. Bei Dengem Numm, deen déi wäertvoll Pärele vun Denger Wäisheet an Denge Wierder aus de Schätz vun den Häerzer vun Dengen Dénger, déi Dir no sinn, ervirbréngt, an duerch deen d’Sonn vun Dengem Numm, de Matleedvollen, hire Glanz op all am Himmel an op der Äerd verbreet, bieden ech Dech: Versuerg mech duerch Deng Gnod a Guttheet mat Denge wonnerbaren, verbuergene Geschenker.
Dat hei sinn déi éischt Deeg vu mengem Liewen, o mäi Gott, déi s Du mat Dengen Deeg verbonnen hues. Well s Du mir sou eng grouss Éier erwisen hues, verweiger mir net, wat s Du Dengen Auserwielte bestëmmt hues.
Ech sinn nëmmen e butzeg klenge Somkär, o mäi Gott, deen s Du an de Buedem vun Denger Léift geséit hues an, duerch d’Hand vun Denger Guttheet, opgoe gelooss hues. Dëse Som verlaangert, dofir, a sengem bannenzegste Wiesen nom Waasser vun Dengem Erbaarmen, der Liewensquell vun Denger Gnod. Aus dem Himmel vun Denger Guttheet schéck erof, wat hien ënner Dengem Schiet, an Dengem Haff opgoe léisst. Du bass et, deen d’Häerzer vun all deenen, déi Dech erkennen, aus Dengem iwwerräiche Stroum an der Quell vun Denge liewege Gewässer dränkt.
Gelueft sief Gott, den Här vun alle Welten.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Kanner (#14256)

O Du onvergläichlechen Här! Nier dëse Puppelchen un der Broscht vun Denger Léift a Guttheet. Behitt hien an der Wéi vun Dengem séchere Schutz a looss hien an den Äerm vun Denger zäertlecher Zouwendung wuessen.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Kanner (#14257)

O Här! Maach aus dëse Kanner wonnerbar Planzen. Looss se wuessen a gedeien am Gaart vun Dengem Bond. Gëff hinne Frëscht a Schéinheet duerch d’Waasser aus de Wolleke vum allherrleche Kinnekräich.
O Du gudden Här! Ech sinn e klengt Kand, erhief mech an deem s Du mech an Däi Räich ophëls. Ech sinn ierdesch, maach Du mech himmlesch. Ech si vun der Welt hei ënnen, looss mech zum Räich do uewe gehéieren. Ech si bedréckt, looss mech stralen. Ech si materiell, maach mech geeschteg, an erlab mir, dass ech Deng onendlech Guttheet weise kann.
Du bass de Gewaltegen, Deen, dee jiddweree gär huet.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Kanner (#14258)

O mäin Här! O mäin Här!
Ech sinn e Kand am zaarten Alter. Nier mech un der Broscht vun Denger Gnod, ënnerriicht mech am Schouss vun Denger Léift, erzéi mech an der Schoul vun Denger Féierung a looss mech wuessen am Schiet vun Denger Generositéit. Erléis mech vun der Däischtert, maach aus mir en hellt Liicht; maach mech fräi vu Verdross, maach aus mir eng Blumm aus dem Rousegaart; looss mech en Dénger vun Denger Schwell ginn, a gëff mir d’Gesënnung an d’Wiese vun de Gerechten; maach aus mir d’Ursaach vu Generositéit fir d’Welt vun de Mënschen, a kréin mäi Kapp mam Diadem vum éiwege Liewen.
A Wierklechkeet bass Du de Staarken, de Mächtegen, Deen, dee gesäit, Deen, deen héiert.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Kanner (#14259)

O Du gudden Här! Dës häerzeg Kanner sinn d’Wierk vun Denger mächteger Hand an déi wonnerbar Zeeche vun Denger Gréisst. O Gott! Behitt dës Kanner, an hëllef hinnen duerch Deng Gnod, datt si erzunn a fäeg ginn, der Mënschheet ze déngen. O Gott! Dës Kanner si Pärelen, looss si an der Muschel vun Denger Léift a Guttheet opwuessen.
Du bass de Generéisen, Deen, deem Seng Léift alles ëmfaasst.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Kanner (#14260)

O Gott! Erzéi dëst Këndchen am Schouss vun Denger Léift, a gëff him Mëllech vun der Broscht vun Denger Virsuerg. Kuck no dëser frëscher Planz am Rousegaart vun Denger Léift, an hëllef hir, duerch d’Schauere vun Denger Mëtschgiewegkeet ze wuessen. Maach aus him e Kand vum Kinnekräich a féier et an Däin himmlescht Räich. Du bass mächteg a gutt, an Du bass Deen, dee gëtt, de Generéisen, den Här vun oniwwertrefflecher Generositéit.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Kanner (#14261)

Hien ass Gott! O Gott, mäi Gott! Schenk mir en Häerz, sou reng wéi eng Pärel.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Kanner (#14262)

O Gott, leed mech, hal Deng Hand iwwer mech, maach aus mir eng stralend Luucht an e blénkege Stär. Du bass de Mächtegen an de Staarken.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Kanner (#14263)

O Gott! Erzéi dës Kanner. Dës Kanner sinn d’Planzen aus Dengem Bongert, d’Blumme vun Denger Wiss, d’Rousen aus Dengem Gaart. Looss Däi Reen op si falen; looss d’Sonn vun der Wierklechkeet mat Denger Léift op si schéngen. Looss Deng Lëftche si erfrëschen, fir datt si ausgebilt ginn, wuessen, sech entfalen, a sech a gréisster Schéinheet weisen. Du bass Deen, dee gëtt a voller Matleed ass.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Kanner (#14264)

O Du onvergläichlechen Här! Sief Du dësem aarme Kand e Schutz, an dëser verierter an onglécklecher Séil e léiwen a verzeiende Meeschter. O Här! Och wa mir nëmme wäertlos Planze sinn, gehéiere mir awer zu Dengem Rousegaart. Och wa mir Schëtz ouni Blieder a Bléie sinn, si mir awer e Stéck vun Dengem Bongert. Ernär dann dës Planz duerch d’Reeschauere vun Dengem zaarten Erbaarmen, stäerk an erfrësch dëse jonke Bam mam beliewenden Otem vun Denger geeschteger Fréijoerszäit. Looss hien opmierksam, verstänneg an nobel ginn, looss hien éiwegt Liewe kréien, a fir ëmmer an Dengem Kinnekräich wunnen.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Kanner (#14265)

O Du renge Gott! Ech sinn e klengt Kand; maach, dass ech d’Broscht vun Denger Léift a Guttheet gär hunn, an ernär mech mam Hunneg an der Mëllech vun Denger Léift. Erzéi mech un der Broscht vun Denger Erkenntnis a schenk mir Adel a Wäisheet, sou laang ech nach e Kand sinn.
O Du Gott, deen sech selwer duergeet! Maach mech vertraut mam Kinnekräich vum Onsichtbaren. A Wierklechkeet bass Du de Mächtegen, de Staarken.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

