Hochzäit (#14252)

*D’Bahá’í Bestietnes ass Vereenegung an häerzlech Léift tëschent de Partner. Si mussen awer ganz gutt Uecht ginn a sech mam Charakter vun hirem Partner vertraut maachen. Dës éiweg Verbindung sollt duerch en zolitte Bond geséchert ginn, mat der Absicht, Harmonie, Verbonnenheet an Eenheet ze fërderen an éiwegt Liewen ze kréien.
‘ABDU’L-BAHÁ
 


D’Hochzäitsverspriechen, de Vers, deen am Kitáb-i-Aqdas (dem Hellegste Buch) festgeluecht ass, an deen eenzel vun der Braut an dem Bräitchemann an der Präsenz vun op mannst zwee Zeien, déi de geeschtege Rot akzeptéiert, ze soen ass, ass deen hei: «Mir wëllen eis all, wierklech, un de Wëlle Gottes halen».


Hien ass Deen, dee schenkt, de Generéisen! Gelueft sief Gott, den Uréiwegen, den Ëmmerbestoenden, den Onverännerlechen, den Éiwegen! Hien, deen duerch säin eegent Wiese bezeit, dass Hie wierklech deen Een ass, deen Eenzegen, den Onofhängegen, den Héchsten. Mir bezeien, dass et a Wierklechkeet kee Gott gëtt ausser Him, mir erkenne Seng Eenheet un a bekenne Seng Eenzegkeet. Schonn éiweg wunnt Hien an onzougänglechen Héichten, op de Spëtzte vu Senger Majestéit, gehellegt iwwerem Ernimme vun allem ausser Him selwer, fräi vun all Beschreiwung ausser Senger.
A wéi Hie wollt de Mënsche Gnod a gutt Doten erweisen, an d’Welt an d’Rei setzen, huet Hie Reegelen offenbaart a Gesetzer geschaf; ënner anerem huet Hien d’Gesetz vum Bestietnes agefouert, huet et zu enger Buerg vu Wuel a Séilegkeet gemaach an huet eis et virgeschriwwen an deem, wat a Sengem Hellegste Buch aus dem Himmel vun der Hellegkeet erofgeschéckt gouf. Hie sot, grouss ass Seng Herrlechkeet: «Bestuet iech, o Mënschen, fir dass vun iech deen ervirgeet, dee Menger ënner Mengen Dénger gedenkt; dëst ass eent vu Menge Geboter fir iech; haalt iech dorun, well et ass fir äert Bescht.»

-Bahá'u'lláh
-----------------------

