Féierung (#14228)

O mäin Här! O mäin Här! Dëst ass eng Luucht, ugefaangen duerch d’Feier vun Denger Léift, déi hellewech brennt mat der Flam, déi um Bam vun Dengem Erbaarmen ugefaange gouf. O mäin Här! Looss si duerch d‘Feier, dat am Sinaï vun Denger Offenbarung entfacht ass, nach méi staark, méi gliddeg a mat méi enger grousser Flam brennen! Du bass wierklech Deen, dee bestätegt, dee bäisteet, de Gewaltegen, de Generéisen, Deen, dee gär huet.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Féierung (#14229)

O Du mäin éiweg Beléiften an ugebiete Frënd!
Wéi laang soll Deng Presenz mir enthale bleiwen an ech schwéier leiden, well ech wäit ewech si vun Dir? An de sécheren Hafe vun Dengem himmlesche Kinnekräich, féier mech, an op der Plaz vum Erschénge vun Dengem himmlesche Räich, werf de Bléck vun Denger Guttheet op mech.
O Du Allmächtegen Här! Ziel mech zu den Awunner vum Kinnekräich. Dës stierflech Welt ass mäi Wunnsëtz; gëff mir eng Wunneng an de Räicher vum Raumlosen. Zu dëser ierdescher Welt gehéieren ech; werf op mech de Glanz vun Dengem herrleche Liicht. An dëser Welt vum Stëbs wunnen ech; maach mech zu engem Awunner vun Dengem himmlesche Räich, sou datt ech mäi Liewen op Dengem Wee néierleeën an de Wonsch vu mengem Häerz erreeche kann, ech mäi Kapp mam Diadem vu gëttlecher Gonscht kréinen an den triumphale Kreesch
«O Herrlechkeet Gottes, den Herrlechsten!» ustëmme kann.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Féierung (#14230)

O Här, eise Gott!
Mir sinn hëlleflos; Du bass den Här vu Stäerkt a Muecht. Mir sinn erbäermlech; Du bass den Allmächtegen, den Allherrlechen. Mir sinn aarm; Du bass Deen, deem alles gehéiert, de Generéisten. Stéi eis gnädeg bäi an eiser Ënnerwerfung un Denger helleger Schwell, an hëllef eis duerch Deng stäerkend Gnod, Dech op de Plaze vum Sonnenopgang vun Dengem Luef ze veréieren. Befäeg eis, Däin hellegen Doft ënner Denge Kreaturen ze verbreeden a stäerk eis Lennen, fir Dir ënner Dengen Dénger ze déngen, esou dass mir all d’Natiounen zu Dengem gréissten Numm féieren an all Vëlker un d’Ufere vum herrlechen Ozean vun Denger Eenheet leede kënnen.
O Här! Erléis eis vun de Bindunge vun der Welt an hire Vëlker, vun den Iwwerschreidungen aus der Vergaangenheet a vum Leed, dat nach kënnt, esou dass mir eis erhiewe kënnen, fir Däi Wuert mat gréisster Freed a stralend ze verherrlechen an Däi Luef Dag an Nuecht ze feieren, esou dass mir jidder Mënsch op de Wee vun der Féierung ruffen a si zu Gerechtegkeet opfuerderen, an dass mir d’Verse vun Denger Eenheet iwwerall an Denger Schëpfung sange kënnen. Du hues d’Muecht, ze maachen, wat Dir gefält. Du bass a Wierklechkeet den Allmächtegen, de Stäerksten.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

