Fongen (#14231)

*All d’Frënn vu Gott ... sollte spenden, sou vill se kënnen, wéi bescheiden och ëmmer hire Bäitrag ass. Gott belaascht keng Séil iwwer hir Capacitéit. Spende musse vun iwwerall a vun all Gleewegem kommen. O Frënn vu Gott! Sidd dees gewëss, dass fir dës Spenden är Landwirtschaft, är Industrie an ären Handel mat vilfältegem Wuesstem a räiche Geschenker geseent ginn. Deen, deen eng gutt Dot vollbréngt, wäert zéngfache Loun kréien. Ouni Zweiwel wäert de liewege Gott déi, déi hiert Verméigen op Sengem Pad hierginn, räich bestätegen.


O Gott, mäi Gott! Erliicht d’Stier vun deenen, déi Dech wierklech gär hunn, a stéi hinne bäi mat der Arméi vun den Engelen, déi sécher zum Triumph féieren. Setz hir Schrëtt sécher op Dengem riichte Pad, an aus Denger uréiweger Generositéit, maach hinnen d’Diere vun Dengem Seegen op; well op Dengem Pad, ginn si ewech, wat s Du hinne ginn hues, andeems si de Glawe schützen, hiert Vertrauen an Däi Gedenke setzen, hir Häerzer aus Léift zu Dir hierginn, an a Veréierung vun Denger Schéinheet, an op der Sich no Dengem Gefalen, net zeréckhalen, wat si besëtzen.
O mäin Här! Bestëmm hinnen e räichen Undeel an eng sécher Belounung, déi hinnen zoukënnt.
Wierklech, Du bass Deen, deen erhält an hëlleft, de Generéisen, de Mëtschgiewegen, Deen, deen ëmmer schenkt.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

