Faaschten (#14301)

*D’Faaschtenzäit ass vum 1. oder 2. bis den 19. oder 20. Mäerz.

*Am Kitáb-i-Aqdas steet: «Mir hunn iech operluecht, vum Alter vun der Maturitéit (15 Joer) aus un, ze bieden an ze faaschten. Dat ass vu Gott, ärem Här an dem Här vun äre Virfare bestëmmt... . Deen, dee reest oder krank ass, Fraen, déi schwanger sinn oder déi nieren, brauchen net ze faaschten. Enthaalt iech dem Iessen an dem Drénken, vu Sonnenopgang bis Sonnenënnergang a passt op, dass Loscht iech net vun där Gnod ofhält, déi am Buch bestëmmt ass.»



O mäi Gott, bei Dengem mächtegen Zeechen a bei der Offenbarung vun Denger Gnod ënner de Mënschen, bieden ech Dech, weis mech net of vun der Paart an d‘Stad vun Denger Präsenz, an enttäusch meng Hoffnungen net, déi ech an d’Manifestatioune vun Denger Gnod ënner Denge Kreature gesat hunn. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.
Ech bieden Dech, o mäi Gott, bei Denger séisster Stëmm an Dengem héchste Wuert: Zéi mech ëmmer méi no zur Schwell vun Denger Dier an hal mech net wäit ewech vum Schiet vun Dengem Erbaarmen a vum Baldachin vun Denger Generositéit. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.
Ech bieden Dech, o mäi Gott, beim Glanz vun Denger heller Stier an dem stralende Liicht vun Dengem Ubléck, dat vum héchsten Horizont schéngt: Zéi mech un duerch den Doft vun Dengem Kleed a looss mech drénke vum auserliesene Wäi vun Denger Ried. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.
Ech bieden Dech, o mäi Gott, bei Dengem Hoer, dat sech iwwer Däi Gesiicht beweegt, sou wéi Deng héchste Fieder iwwer d’Säite vun Dengen Tafele geet, an de Moschusdoft vu verbuerge Bedeitungen iwwer d’Räich vun Denger Schëpfung verbreet, erhief mech Denger Saach esou ze déngen, dass ech net zeréckfalen an net vun den Uspillunge vun deene gehënnert ginn, déi Deng Zeechen a Fro stellen, a sech vun Dengem Ubléck ewechdréien. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.
Ech bieden Dech, o mäi Gott, bei Dengem Numm, deen s Du zum Kinnek vun den Nimm gemaach hues, an duerch deen all déi verzaubert sinn, déi am Himmel an op der Äerd sinn: Maach mech fäeg, d’Sonn vun Denger Schéinheet ze kucken a versuerg mech mam Wäi vun Denger Ried. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.
Ech bieden Dech, o mäi Gott, beim Kinnekszelt vun Denger Majestéit op den héchste Spëtzten a beim Baldachin vun Denger Offenbarung op den héchsten Héichten: Hëllef mir mat Denger Gnod dat ze maachen, wat Däi Wëlle begiert an Deng Absicht offenbaart. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.
Ech bieden Dech, o mäi Gott, bei Denger Schéinheet, déi héich iwwerem Horizont vun der Éiwegkeet straalt, enger Schéinheet, virun där, sou bal si sech offenbaart huet, d’Räich vun der Schéinheet sech an Ubiedung verneigt a si a schalenden Téin lueft: Gëff, dass ech alles opginn, wat ech besëtzen an nëmme fir dat liewen, wat Däint ass. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.
Ech bieden Dech, o mäi Gott, bei der Offenbarung vun Dengem Numm, Deen, dee jiddweree gär huet, duerch deen d’Häerzer vun deenen, déi frou mat Dir sinn, sech opzieren an d’Séile vun all deenen, déi op der Äerd wunnen, sech erhiewen: Hëllef mir, Denger ze gedenken ënner Denge Kreaturen, an Dech ze luewen an Dengem Vollek. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.
Ech bieden Dech, o mäi Gott, beim Dausche vum gëttleche Bam an dem Pëspere vum duusse Wand vun Denge Wierder am Kinnekräich vun Dengen Nimm: Hal mech ewech vun allem, wat Däi Wëllen haasst, an zéi mech un zur Stuf, vun där Hien, deen de Muere vun Dengen Zeechen ass, erstraalt. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.
Ech bieden Dech, o mäi Gott, beim Buschtaf, duerch deen, soubal en aus dem Mond vun Dengem Wëllen erauskoum, d’Ozeaner opgewullt goufen, de Wand geblosen huet, d’Friichte sech offenbaart hunn, d’Beem ausgeschloen hunn, all fréier Spuren ausgeläscht an all Schleier zerrass goufen, an déi, déi sech Dir widmen, sech fläissen, zum Liicht vum Ubléck vun hirem Här, dem Onofhängegen, ze kommen: Looss mech erkennen, wat an de Schäz vun Denger Erkenntnes verbuerge läit an an de Späichere vun Denger Wäisheet verstoppt ass. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält. 
Ech bieden Dech, o mäi Gott, beim Feier vun Denger Léift, dat Dengen Auserwielten an deenen, déi s Du gär hues, de Schlof aus den Ae gedriwwen huet, a bei hirem Gedenken a Luef un Dech zur Moiesstonn: Ziel mech zu deenen, déi erreecht hunn, wat s Du an Dengem Buch erofgeschéckt hues an duerch Däi Wëllen offenbaart hues. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.
Ech bieden Dech, o mäi Gott, beim Liicht vun Dengem Ubléck, dat déi, déi Dir nostinn, virun d’Feiler vun Denger Veruerdnung gedriwwen huet, an déi, déi Dir ergi sinn, op Dengem Pad de Schwäerter vun Denge Feinden trotze gelooss huet: Schreif nidder fir mech mat Denger héchster Fieder, wat s Du fir Deng Vertrauten an Deng Auserwielten niddergeschriwwen hues. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.
Ech bieden Dech, o mäi Gott, bei Dengem Numm, duerch deen s Du op de Ruff vun deene lauschters, déi Dech gär hunn, op d’Schlackserte vun deenen, déi no Dir verlaangeren, op de Kreesch vun deenen, déi sech freeën, no bei Dir ze sinn, op d’Gejéimers vun deenen, déi Dir ergi sinn, an, duerch deen s Du d’Wënsch vun deenen erfëlls, déi hir Hoffnung op Dech setzen, an hir Verlaangeren erfëlls, duerch Deng Gnod an Deng Gonscht, a bei Dengem Numm, duerch deen d’Mier vun der Verzeiung sech virun Dengem Ubléck opdeet, an d’Wolleke vun Denger Generositéit op Deng Dénger erofreenen: Schreif néier fir jiddwereen, dee sech Dir zoudréit an dat virgeschriwwent Faaschten anhält, d’Belounung, bestëmmt fir déi, déi net schwätzen ausser mat Denger Erlabnes an déi op Dengem Pad aus Léift zu Dir op alles verzicht hunn, wat hinne gehéiert huet.
Ech bieden Dech, o mäin Här, bei Dir a bei Dengen Zeechen, a bei Dengen däitleche Beweiser, an dem stralende Sonneliicht vun Denger Schéinheet a bei Dengen Äscht: Läsch d’Sënne vun deenen, déi sech fest un Deng Gesetzer halen an dat beuechten, wat s Du hinnen an Dengem Buch virgeschriwwen hues. Du gesäis mech, o mäi Gott, un Dengem Numm festhalen, dem Hellegsten, dem Stralendsten, dem Mächtegsten, dem Gréissten, dem Héchsten, dem Herrlechsten, a mech um Som vun Dengem Kleed klameren, un deem sech jiddwereen an dëser an an der nächster Welt festhält.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Faaschten (#14302)

O Gott! Esou wéi ech mech vu kierperleche Wënsch enthalen a mech net mat Iessen an Drénken ofginn, genee esou maach Du mäin Häerz a mäi Liewe reng a gehellegt vun allem ausser Denger Léift, a verdeedeg a beschütz meng Séil vun egoistescher Leidenschaft an déiereschem Begieren, fir dass mäi Geescht sech mam Doft vum Hellege verbënnt, a faascht vum Ernimme vun allem ausser Dir.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

