Elteren (#14216)

Et gehéiert sech, dass den Dénger no all Gebiet Gott biet, sengen Elteren Erbaarmen a Verzeiung ze bewëllegen. Esou wäert d’Stëmm vu Gott sech erhiewen: «Wat s du fir deng Eltere gefrot hues, kriss du dausendfach als Belounung!» Geseent ass deen, deen u seng Elteren denkt, wann hie mat Gott kommunizéiert. A Wierklechkeet gëtt et keen anere Gott ausser Him, de Mächtegen, Deen, dee jiddweree gär huet.

-The Báb
-----------------------

Elteren (#14217)

O Här! An dëser gréisster Offenbarung akzeptéiers Du d’Gebieder vun de Kanner fir hir Elteren. Dat ass eng vun de besonneschen, onendleche Geschenker vun dëser Offenbarung. Akzeptéier dofir, o Du generéisen Här, d’Ufro vun Dengem Dénger op der Schwell vun Denger Eenzegkeet an dauch säi Papp an den Ozean vun Denger Gnod, well dëse Jong huet sech erhuewen, fir Dir ze déngen, a beméit sech zu jiddwer Zäit um Wee vun Denger Léift. Du bass wierklech Deen, dee gëtt, Deen, dee verzeit, an de Gnädegen.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Elteren (#14218)

O gëttlech Vorseeung!
Dauch de Papp an d’Mamm vun dësem Dénger un Denger Schwell an den Ozean vun Denger Verzeiung a rengeg an helleg si vun all Sënn a Verstouss. Gewär hinnen Deng Verzeiung a Baarmhäerzegkeet a schenk hinnen Däi gnädege Pardon. Du bass wierklech den Nosiichtegen, Deen, deen ëmmer verzeit, de Spender vu räichlecher Gnod. O Du verzeienden Här! Obwuel mir sënnegen, sinn eis Hoffnungen dach op Däi Verspriechen an Deng Zousécherung geriicht. Obwuel mir vun der Däischtert vum Iertum ageschloss sinn, hu mir dach zu allen Zäiten eist Gesiicht dem Muere vun Denger generéiser Gonscht zougewannt. Géi esou mat eis ëm, wéi et Denger Schwell entsprécht a schenk eis dat, wat Dengem Haff würdeg ass. Du bass den Ëmmerverzeienden, de Gnädegen, Deen, deen all Mangel iwwersäit.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

